E lëtzebuergesche Roleplay-Server op FiveM, mat lëtzebuergeschen Autoen, Beruffer an Deeler vun der Kaart. Ech sinn do Admin a këmmere mech haaptsächlech ëm dat, wat hannendru leeft: Ressourcen, Datebank, Updates an d’Feeler an der Konsol um hallwer eent an der Nuecht. Dozou kommen d’Websäit an d’Admin-Panel.
Lenny Godart
Ech bastele mat Serveren, fotograféiere Fligeren a studéieren Informatik zu Lëtzebuerg. Wou wëlls de hin?
Departen Départs · Departures
Lëtzebuerg
- 08:05LG 100IWWER MECHiGATE OP LG 100 · Gate i · Gate op
- 08:15LG 101LUXRPA1BOARDING LG 101 · Gate A1 · Boarding
- 08:25LG 102STAR CITIZENA2PÜNKTLECH LG 102 · Gate A2 · Pünktlech
- 08:35FR 404FRANSÉISCHVERSPÉIT FR 404 · Verspéit
- 08:50LG 127HOMELABC1LEEFT LG 127 · Gate C1 · Leeft
- 09:00LG 737FOTOEND1GATE OP LG 737 · Gate D1 · Gate op
- 09:15KE 101KOREANESCHCHECK-IN KE 101 · Check-in
- 09:30LG 210LIEWENSLAFB1OP UFRO LG 210 · Gate B1 · Op Ufro
- 09:45LG 001KONTAKTE1LESCHTEN OPRUFF LG 001 · Gate E1 · Leschten Opruff
Iwwer mech About me
Moien! Ech sinn de Lenny. Ech studéieren Informatik um Lycée des Arts et Métiers um Lampertsbierg a probéieren doheem alles aus, wat an der Schoul (nach) net duerchgeholl gëtt.
Doheem steet e Rack mat engem Switch, engem NAS, engem Spillserver ouni Gehais an engem Raspberry Pi, deen op d’UPS oppasst. Wat do alles leeft, steet méi ënnen am Hangar.
An der Fräizäit sinn ech Admin op LuxRP, fléien am Simulator, a wann iergendwou e Fliger ze gesinn ass, hunn ech den Handy an der Hand.
- Lëtzebuergesch
- problemlos
- Däitsch
- problemlos
- Englesch
- ganz gutt
- Franséisch
- mat Verspéidung FR 404
- Koreanesch
- beim Check-in KE 101
Projeten Projects
Wou meng Owender higinn.
LuxGC ass eng lëtzebuergesch Community mat enger Rei Spillprojeten, vum Landwirtschafts-Simulator bis Raft. Mäi Projet do ass Star Citizen, bei deenen aneren hëllefen ech mat, wou ech kann.
Ënner godart.lu lafen eng ganz Rei Servicer op Hardware, déi bei mir doheem steet: Mediaserver, Dateien, e puer Spillserveren an alles, wat ech grad ausprobéieren.
Parcours Career
Déi wichtegst Statiounen. De komplette Liewenslaf mat den Diplomer schécken ech gär op Ufro.
| Wéini | Wou | Wat |
|---|---|---|
| zënter 2023 | Lycée des Arts et Métiers | Informatik |
| 03–04/2025 | Gemeng Miersch | Stage am Service informatique |
| 07/2024 | Cargolux | Summer Academy |
| 02/2023 | Computer Buttek | Stage |
Liewenslaf ufroen D’Telefonsnummer steet do dran, net hei.
Hangar Homelab
Dat ass d’Rack. Mol mäi Stolz, mol mäi Kappwéi.
- VentilatorenZéien déi waarm Loft eraus. Meeschtens.
- TP-Link TL-SG102424 Ports, Gigabit. Fir de Moment nach genuch.
- ThinkCentre (lénks)Leeft mat Home Assistant.
- ThinkCentre (riets)De Frontend-Server.
- Raspberry PiIwwerwaacht d’UPS.
- Thermometer32,1 °C. Et gëtt dru geschafft.
- SpillserverRyzen 7 5700X, 32 GB, Mini-ITX. Ouni Gehais, de Power-Knäppchen ass eng Tastatur-Tast.
- HDDDéi eenzeg Festplack hei, déi nach dréint.
- UGREEN NASync DXP480T PlusDen Haaptserver: i5-1235U, 40 GB RAM, 3 × 2 TB NVMe.
- SteckdousenDe Chaos ass gewollt.
- FRITZ!Déi nei. Hänkt just kuerzfristeg do, dat seet een ëmmer.
- PowerWalker VI 2000 RLPD’UPS. Fir wann de Stroum fort ass.
Um Schreifdësch
| Haapt-PC | Zweet-PC | |
|---|---|---|
| CPU | Ryzen 9 7900X | Core i9-11900K |
| GPU | RTX 4070 | RTX 3070 Ti |
| RAM | 64 GB DDR5 | 32 GB DDR4 |
| SSD | 2 TB NVMe | 2 TB NVMe |
Fotoen Photos
Fligeren, um Buedem an an der Loft. All Fotoe sinn ouni GPS-Donnéeën eropgelueden.












